Aarm ass net automatesch kriminell : Zu Ettelbréck huet d'Stëmm vun der Strooss mat Virurteeler ze kämpfen

Aarmut a Sécherheet sinn zwee Sujeten, déi dacks zesummenhänken awer deels och zu Onrecht an een Dëppe geworf ginn.

featured-image

Et gëtt elo scho länger iwwert d'Situatioun op der Ettelbrécker Gare diskutéiert, op där vill Leit sech virun allem owes an nuets net sécher fillen. An deem Kontext ass deels och ze héieren, datt de Restaurant vun der Stëmm vun der Strooss eng problematesch Clientèle unzéie géing. Knapp 2 Joer ass d'Stëmm vun der Strooss mëttlerweil zu Ettelbréck op der Gare present.

Ma schonn an där kuerzer Zäit wieren d'Zuelen explodéiert. Knapp 25 Persounen hunn an deem klenge Restaurant Plaz. Et hätt een awer schonn Deeg gehat, op deenen een 140 bis 170 Moolzechte verdeelt huet, esou den André Duebbers, President vun der Stëmm vun der Strooss.



Ma wéi eng Leit huelen déi Offer dann an Usproch? Et géing een d'Problemer am Quartier natierlech matkréien, ma den André Duebbers gëtt awer och ze bedenken, datt de Restaurant just vun 12 bis 15 Auer mëttes op huet an d'Leit do keen Alkohol a keng Droge konsuméieren dierfen. Wat d'Raimlechkeeten ugeet, ass nach net kloer, wéi et weidergoe soll. Et géing een awer driwwer diskutéieren, fir an Zukunft mat méi klenge Strukturen ze schaffen.

Dat och, fir datt se net méi sou visibel fir d'Populatioun sinn an et doduerch manner Problemer mat der Akzeptanz gëtt. Dat wier wuel och am Sënn vum Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen. De Gemengepapp ënnersträicht awer och, datt d'Offer vun der Stëmm vun der Strooss wichteg wier.

Dës kéint zwar och mol negativ Repercussioune mat sech bréngen, mee als Stad Ettelbréck géing ee sech net géint sozial Servicer an Hëllef fir Leit an Nout wieren..